D’Lëtzeburger Guiden a Scouten wëllen beim Opbau a Raumen hëllefen an schécken dofir 50 Jonker am Kader vum europäeschen Fräiwëllegendéngscht während der grousser Vakanz op Halle/Saale an Ostdäitschland, enger Stad déi zanter 70 Joer keng sou schwéier Iwwerschwemmunge méi kannt huet.
Zwou Gruppe mat all Kéier 25 Jonke fuere fir ee Mount op Halle/Saale hëllefen. Et ginn 2 Méiglechkeeten :
- 15. Juli bis 14. August
- 15. August bis 14. September
Du bass tëscht 18 an 30 Joer al, bass engagéiert, kierperlech fit a kanns eng Hand mat upaken? Dann ass dat hei genee dat richtegt fir dech!
Ënnerstetzung ?
D’Reeskäschten, d’Iwwernuechtungen zu Halle, d’Iessen an Assurancen grad wéi en Täschegeld vun 105 € gi vum Programm "Youth in Action" iwwerholl.
Op der Plaz gëss Du vun experimentéierte Leit encadréiert. Dëst ass sécher eng Erfahrung fir dech, déi däi Liewen nohalteg beräichert.
Wou umellen ?
Umellen a weider Infoen kritt ee beim Tom Biever vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ennert dem Tél. : 26948422 oder per E-mail: tom.biever@lgs.lu

