Programm vun der Konferenz
09h00 Aschreiwung
09h15 Offiziell Begréissung
09h20 Bedeelegung a Bénévolat bei Jonken: Resultater aus dem lëtzebuergesche Jugendrapport a lëtzebuergesche Jugendstudien / Christiane Meyers
09h50 Ehrenamt und Partizipation in Jugendverbänden / Prof. Dr. Benno Hafeneger
10h25 Pause
10h45 Aarbechtsgruppen
- Wat kënne mir um lokale Plang maachen, fir d’Participatioun an de Bénévolat ze förderen?
- Wat kënne mir am Beräich vun der Formatioun vun de Responsable maachen, fir d’Participatioun an de Bénévolat ze förderen?
- Wat kënne mir an eiser Kommunikatioun no baussen an no banne maachen, fir d’Participatioun an de Bénévolat ze förderen?
12h30 Mëttegiessen
14h00 Resultater vun enger Enquête bei jonke Bénévolen / Steve Legille
14h20 Aussoe vu Jonken iwwert hir Erfahrungen am Bénévolat
14h40 Suite Aarbechtsgruppen
15h30 Paus
15h50 Presentatioun vun de Resultater aus den Aarbechtsgruppen
16h15-16h30 Ofschloss
Ziler vun der Konferenz
Op folgend Froe sollen Äntwerte fonnt ginn:
- Wat kann d’Organisatioun am Ëmgang mat de Bénévole verbesseren?
- Wéi kann een déi Jonk zu engem bénévolen Engagement bewegen?
- Wéi erreecht een déi net engagéiert Leit am beschten national, regional a lokal?
- Wéi kann d’Formatioun déi Jonk motivéieren, sech weider z’engagéieren?
- Mussen d’Themen an d’Methodik ugepasst oder geännert ginn?

